Connexion

Evènement

Independent Little Lies – D’Glühschwéngchen

Date de création
Date début
Catégorie
Emplacement
Agora
Téléphone
+352 26 72 39-500 (Mo–Fr: 13–17 Uhr)
D'Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner! D'Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016). D'Regisseurin Linda Bonvini an d'Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d'Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d'Kläng vu verschiddene Saxophonen. D'Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer. ILL ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen 1995 gegrënnt gouf, sech mat zäitgenësseschen a sozialen Themen ausenanersetzt a jonken Artisten eng Plattform gëtt fir hir Projeten ze realiséieren. Méi Informatiounen ënner: www.ill.lu Klickt hei fir den Trailer vun der Veranstaltung ze kucken. Text: Nora Wagener a Luc Caregari
Adaptatioun: Linda Bonvini a Rosalie Maes
Zeechnungen: Carlo Schmitz
Regie: Linda Bonvini
Kënschtleresch Mataarbecht: Jacques Schiltz
Bühn a Kostüm: Lucie Majerus
Musek: Jessica Quintus
Luucht: Dominik Dusek Mam Rosalie Maes  Eng Produktioun vun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Kulturhaus Niederanven, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vum Fonds Culturel National.

ca. 40 Min. | ouni Paus

Lëtzebuergesch

Administration communale de Echternach

Heures d'ouverture

Lundi: Tous les services: 08.30 à 11.30 heures et de 14.00 à 16.30.
Réception, Bureau de la Population, Etat Civil, Recette: 16.30 à 19.00.
Service Technique: 16.30 à 19.00 heures sur rendez-vous.
Mardi à Jeudi: Tous les services: 08.30 à 11.30 heures et de 14.00 à 16.30 heures.
Vendredi: Tous les services: 08.30 à 13.00 heures - l'après-midi les bureaux sont fermés au public.

Adresse postale

B.P. 22
L 6401 Echternach

Contactez-nous

Tél.
729222 - 1

Fax. 
729222 – 51

Permanences technique

  • AC Echternach (dépannage eau, en dehors des heures de bureau): GSM 621 162 109
  • Creos Gaz: Tél. 8007-3001
  • Creos Electricité: Tél. 8002-9900
  • Dépannage Eltrona: Tél. 49 94 66 -888
  • P&T: Tél. 8002-8004