Connexion

Evènement

De Kapitän Mullebutz & seng Séiss-Waasser-Matrousen si wibbeleg

Date de création
Date début
Catégorie
Emplacement
Atrium
Téléphone
+352 26 72 39-500 (Mo-Fr: 13-17 Uhr)
E Matmaach-Concert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren. De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg and let me tell you: si si wibbeleg. Aus der ganzer Welt hunn se Lidder matbruecht, di di kleng Piraten un d’Wibbele kréien: Danzen, sprangen, sangen… Haaptsach gutt Laun. Och d’Madamm Li wëll, dass hir Matrousenband eppes fir d’Figur maachen a nees gutt fit an a Form sinn. Di erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel. Kommt, sangt a danzt mat eis. Ei, dat gëtt e Spaass! De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen spillen bekannte Kannerlidder & Popsongs vu Sterny-Courquin/Poutty Stein bis Van Halen & The Cure, wéi gewinnt a flott arrangéiert vum Georges Urwald. Si invitéieren d’Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotten Nomëtteg ze erliewen. E Projet vum Dan Tanson & Georges Urwald. Dan Tanson Iddi, Konzeptioun a Gesank
Georges Urwald Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill
Christian Peckels Gitar
Tom Wiot Bassgei  
Jhang Kohnen Trompett
Max Sauber Getrommeltes an Elektronik
Noémie Leer Gei a Gesank
Patrick Wilhelm Trombonn
Jessica Quintus Saxophon
Véronique Steinmetz Gebärden
    
Georges Majerus Tountechnik
Joey Adam Kostüm
Claude Grosch Visuals
                  
Produktioun: AllerRetour asbl & Philharmonie Luxembourg
Koproduktion: Escher Theater, Centre culturel régional Aalt Stadhaus Differdange

60 Min. ouni Paus

Administration communale de Echternach

Heures d'ouverture

Lundi: Tous les services: 08.30 à 11.30 heures et de 14.00 à 16.30.
Réception, Bureau de la Population, Etat Civil, Recette: 16.30 à 19.00.
Service Technique: 16.30 à 19.00 heures sur rendez-vous.
Mardi à Jeudi: Tous les services: 08.30 à 11.30 heures et de 14.00 à 16.30 heures.
Vendredi: Tous les services: 08.30 à 13.00 heures - l'après-midi les bureaux sont fermés au public.

Adresse postale

B.P. 22
L 6401 Echternach

Contactez-nous

Tél.
729222 - 1

Fax. 
729222 – 51

Permanences technique

  • AC Echternach (dépannage eau, en dehors des heures de bureau): GSM 621 162 109
  • Creos Gaz: Tél. 8007-3001
  • Creos Electricité: Tél. 8002-9900
  • Dépannage Eltrona: Tél. 49 94 66 -888
  • P&T: Tél. 8002-8004