Är Hëllef ass gefrot! Aktualiséiere vun de Kierfecht’s Konzessiounen.:
Eise Kierfecht gouf „digitaliséiert“ – Dir hutt eng Konzessioun op eisem Kierfecht? An Dir wësst net méi, wéi laang des Concessioun nach leeft oder Dir géift si gär verlängeren? Dir wëllt erausfannen, op Dir als Kontaktpersoun agedroe sidd an op Är Donnéeë richteg sinn ? Dir hutt soss nach aner Froen?
Dann mellt Iech w.e.g. bei der Madame Judith Fritsch per Telefon (72 92 22 – 28), e-mail (judith.fritsch@echternach.lu) oder kommt einfach bis an d‘Gemeng!
WICHTEG: Bréngt w.e.g. Äre Konzessiounsvertrag mat oder sicht d’Konzessiounsnummer eraus respektiv den Numm op deen d’Konzessioun leeft, d’Nimm vun de begruewene Persounen oder weist eisem Doudegriewer sur Place Äert Graf, hie kann Iech dann d’Nummer / de Numm vun der Konzessioun mat deelen.
Villmools Merci fir Är Hëllef eisen neie Kierfechtsprogramm op den neiste Stand ze bréngen.