ScHmIT HAPPENS 2018 - Let's hopp!!! - AUSVERKAAFT Date de création 09.04.2018 Date début 01.06.2018 20:00 Catégorie Trifolion Emplacement Atrium Téléphone +352 26 72 39-500 (Mo–Fr: 13–17 Uhr) Och am Joer vun de Chamberwalen, nom Joer vun der Gemengewalen a virum Joer vun den Europawalen, wäerten de Marc Schmit a säin Alter Ego, den Hoppen Théid erëm esou munch Spiichten z´erzielen hunn. Wéi gewinnt geet et an der Show, déi elo schonn an déi 6te Saison geet, awer bei wäitem net nëmmen ëm Politik, mä och déi grouss a kleng Suergen vun de Leit gi mat vill Humor op d´Schëpp geholl. A wie soll nom Grand-Duc, dem Asselborns Jang, der Madame Pöjemöpp, dem Gaston Vogel a villen aneren, déi an de leschte Joren zu Mamer op der Bühn defiléiert sinn, bei der 6ter Editioun vum Marc Schmit imitéiert ginn? Loosst Iech iwwerraschen! 90 Min. | ouni Paus Lëtzebuergesch Koproduktion:Marc Schmit Source: TRIFOLION